Pueri Cantores um Tour a Japan VLOG #4

Bei beschtem Wieder hu mer haut eisen drëtten a leschten Dag zu Hiroshima ugebrach. Nom Ofschied vun eiser Host Family hu mer eis all an der Elisabeth University of Music getraff fir do no enger Generalprouf e Concert zesumme mat de Pueri Cantates vun Hiroshima an dem Hirochima Nagisa Junior and Senior High School Chouer ze ginn. De Concert war e gelongene Mix aus kierchlecher a weltlecher Musek, duerch déi mer eis lëtzebuergesch Kultur mat eise neie japanesche Kolleege konnten deelen. No engem kuerzen Ofschied an enger klenger Receptioun hu mer eis op de Wee gemeet fir mat dem bekannte schnellen Zuch Shinkansen weider op Kyoto ze fueren, wou mer déi nächst dräi Deeg wäerte bleiwen.

2 Comments

Write A Comment